D'Geschicht

Merci

Kritiken

Info

Medien

D'Legend

a Luxembourg Mystery Tale

Lionel Becker

KROPEMANN » ass deen zweete long-métrage vum Lionel Becker, deen seng éischt Schrëtt am Kino zesumme mam Steve Thull gemaach huet, am « Zombie Film »

 (2005).

Philippe Flammang

KROPEMANN » ass deen éischte long-métrage vum Philippe Flammang, deen sech fir d’Roll vum Student Luc um Casting  qualifizéiert huet, deen virum Tournage am Utopolis ofgehale gouf.

Ronnie Gerber

« KROPEMANN » ass deen éischte long-métrage vum Ronnie Gerber, deen um Casting fir d’Roll vum misanthropeschen a versoffenen Portier vun der Uni Lëtzebuerg geglänzt huet.

Sarah Hoffmann

D' Sarah Hoffmann huet an

« When Lightning Strikes »,

« Fire bryllupper og et kongerige »,  (2004) , « Zombie Film » an « Heemwéi » (2014) matgespillt. « KROPEMANN » ass seng am meeschte beängschtegend Roll.

Sofia Lopes

Als diploméiert Schauspillerin (Lissabon, Madrid a Paräis), ass d'Sofia an « Weemseesdet »,

« Comeback », « Coração d'Ouro », « Sexual Healing » a geschwënn « The Toy Gun » ze gesin. « KROPEMANN» wor seng éischt Kinoproduktioun.

Vincent Meyer

De Vincent Meyer konnt d’Publikum am « Zombie

Film » (2005) begeeschteren. Am « KROPEMANN » verkierpert hien den Inspekter Thill, deen un der Säit vum Kommissär Meyer enquêtéiert.

Raoul Migliosi

Fir dee groussen Theaterbegeeschterten ass

« KROPEMANN » déi éischt Kinoserfahrung. De Raoul huet Schauspill un der Theater-Akademie Köln studéiert an u sëllechen Theater- an TV Produktiounen deelgeholl.

Mendaly Ries

D' Mendaly Ries huet matgespillt an « Deepfrozen », « Visions of Europe » an

« Zombie Film ». Am

« KROPEMANN » verbënnt hatt seng Rollen als Schauspillerin, Costumière an als 1. Regieassistentin.

Yves Schaaf

Den Yves Robert Schaaf ass bekannt aus « Zombie Film », « De Bommeleeër » oder nach aus verschiddenen TV Spotten. Niewent senger Aktivitéit bei den « Theaterraudien » ass hien Schauspiller an Art Director bei « KROPEMANN ».

Michaël Soldi

De Michaël Soldi huet eng zolitt Theatererfahrung a versicht sech bei

« KROPEMANN » an senger éischter Filmroll als franséische Literaturprofesser Jean Dupuis.

Steve Thull

De Steve Thull huet eng vun den zwou Haaptrollen am

« Zombie Film » gespillt, un der Säit vum Lionel Becker, mat deem hien zesummen bei

« KROPEMANN » säi Comeback feiert.

Ben Turco

Mat senger staarker Virstellung um Casting, deen an der Virproduktioun vu

« KROPEMANN » organiséiert gouf, huet de Ben Turco sech fir d'Roll vum Kommissär Meyer qualifizéiert.

Ricky Vieira

De Ricardo Vieira ass dem Publikum virun allem bekannt als ee vun de Finalisten aus der TV Sendung « Searching the voice » a fir seng etlech live Optrëtter. An « KROPEMANN » beweist hien dass en och vill Talent als Schauspiller huet.

Jérôme Reuter
(Gaaschtoptrëtt)

Frontmann vun ROME, offréiert de Jérôme Reuter dem Film an enger Schlësselzeen seng Stëmm, säin Talent an en aussergewéinlechen Titel aus sengem Repertoire.

SCHAUSPILLER (an alphabetescher Reiefolleg)

Eng Camera Obskura Produktioun