IWWER DE FILM
« KROPEMANN » ass deen zweete long-métrage vun Camera Obskura a.s.b.l., engem Veräin deem seng Ambitioun et ass, Filmer mat klengem Budget fir de grousse Public ze maachen.
Als Ënnerhalungsfilm fir de grousse Public virgesinn, besteet « KROPEMANN » op sengem Ruff als « lokalem Produit » andeem dofir gesuergt gouf dass d'Handlung an d'Personnagen aus engem Mikrokosmos stamen, dee ganz spezifesch fir Lëtzebuerg ass.
Daat multikulturellt Element ass e wichtegen Deel vun dësem Mikrokosmos, duerfir huet « KROPEMANN », deen op lëtzebuergesch gedréit ginn ass, franséisch an englesch Ënnertitelen, fir de Film accessibel ze maachen fir déi grouss Unzuel un Auslänner déi am Grand-Duché liewen.
Produzéiert vun
Camera Obskura a.s.b.l.
Buch a Regie
Patrick Ernzer
Kameramann
Carlo Pallucca
Éischt Regieassistenz a Costumer
Mendaly Ries
Art Direkter a Set Designer
Yves Schaaf
Produktiounsassistenz
Christine Petit
Musek
Patrick Yves Kleinbauer
Zweet Kamera, Grip a Catering
Dino Piccino
Spezial- an Digital Effekter
Christian Louis
Fotografie a Make-Up
Ivana Haidová
Casting
Geraldine Flammang
Produktiounsberodung
Gilles Reckert
Kropemann Animationssequenz
Pascal Ludowissy
Schnëtt, Faarwen an Toun
Patrick Ernzer